LIVE! Planet People vum 17. Juli: Mam Myle, Christopher Tauber, Frédéric Schmit a Franck Tabouring

Däitsche Pop, 'Die 3 ???', Medailen am Hockey an d'Buch 'My year on the toilet'
Däitsche Pop, 'Die 3 ???', Medailen am Hockey an d'Buch 'My year on the toilet' Den däitsche Sänger Myle séngt de 26. Juli op der Bün vum Echterlive. Säin Papp ass vu Ravensburg, seng Mamm vun New York a mat 7 Joer huet hie schonn Piano gespillt. Mat 14 Joer koum eng Gittar derbäi a mat 16 ass hien schonn um Southside Festival opgetrueden. Mat senger éischter Single 'Mutual' ass hien 2020 schonn an d'Top50 komm. Dëst Joer huet hie mam Lidd 'OK' beim däitschen Virentscheed fir den ESC matgemaach an de Summer steet hien nees op ville Bünen, wéi beispillsweis nächste Sonndeg um Echterlive, wou hien nieft dem James Morrison an Johannes Oerding en Optrëtt huet. Den däitsche Comiczeechner Christopher Tauber ass dëse Weekend zu Conter um BD Festival. Als 'Piwi' bréngt een hien mat ville Publikatiounen a Verbindung dorënner 'Die drei ???' wou hien als Illustrator aktiv ass. Hie schafft fir verschidden Editiounshaiser an huet och schonn bekannt Placke-Coveren aus dem Beräich Rock, Hard-Rock an Heavy Metal realiséiert. Als Auteur huet hien 2020 ënnert anerem 'Rocky Beach' erausbruecht. Dëse Samschdeg a Sonndeg begéint een hien am Zelt zu Conter, wou nach vill aner Zeechner hire Fans Ried an Äntwert stinn an och gären eng Dedicace maachen. De Frédéric Schmit huet d'lescht Woch zu Helsinki eng Stärestonn am Hockey erlieft. Genee wéi säin Brudder spillt hien an der Nationalekipp an zesummen mat der Dammenekipp waren si vum 9. bis den 12. Juli op Helsinki a Finnland op d'Euro Hockey Championship Qualiffier II, wou si grouss Momenter erlieft hunn. D'Dammen si mat enger Goldmedail zréckkomm a bei den Hären war Bronze am Reesgepäck. E Meilesteen an der Entwécklung vun hirem Sport an eng Basis, op déi sech drop opbaue léist. De Franck Tabouring huet d'Buch 'My year on the toilet' erausbruecht. De Lëtzebuerger ass 2006 an d'USA geplënnert fir Journalismus ze maachen an 2009 huet hien zu San Francisco Film studéiert. Een Joer méi spéit goung d'Rees op Los Angeles, wou hien seng eegen Video-Produktiounsfirma gegrënnt huet. 2015 huet hien d'Amerikanesch Nationalitéit kritt. Zu sengem Buch 'My year on the toilet' koum et, well e seng Krankegeschicht heiranner verschafft huet. Haut lieft a schafft hien zu Lausanne a well Leit hëllefen, déi am selwechten Fall sinn an ënner 'Rectocolite hémorragique' leiden.
This is a summary. Read the full article at the original source.
Read full article at rtl_lu
