Rettungshelikopter a Samu am Asaz: Sechs Persoune goufen op eise Stroosse blesséiert, eng weider bei engem Feier

E Freidegowend respektiv e Samschdeg an der Nuecht waren d'Ekippe vum CGDIS e puer Mol wéinst Accidenter op eise Stroossen respektiv wéinst engem Kichebrand am Asaz.
E Freidegowend respektiv e Samschdeg an der Nuecht waren d'Ekippe vum CGDIS e puer Mol wéinst Accidenter op eise Stroossen respektiv wéinst engem Kichebrand am Asaz. Géint 18:05 Auer e Freidegowend sinn op der N23 tëscht Osper an Hueschtert zwou Persoune blesséiert ginn, wéi sech zwee Autoen ze pake kruten. D'Ambulanciere vu Réiden a Miersch waren hei op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Réiden. Géint 19:20 Auer huet sech dann um CR143 tëscht Gréiwemaacher an Uewerdonwen eng Camionnette iwwerschloen. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. Eng vun hinnen huet musse vun de Secouristen aus dem Gefier gebuerge ginn. Et huet sech dann hei och ëm e méi groussen Asaz fir d'Rettungsdéngschter gehandelt. Nieft de Pompjeeë vu Fluessweiler an aus dem Asazzenter Gréiwemaacher-Mäertert an den Ambulancieren aus der Stad an Iechternach, war hei och de Rettungshelikopter op der Plaz. Um 20:18 Auer huet et dann an der Hollerecher Strooss an der Stad an enger Kiche gebrannt. D'Stater Pompjeeën hunn d'Flame geläscht an d'Ambulancieren hu sech ëm eng Persoun gekëmmert, déi beim Tëschefall blesséiert gouf. Kuerz no 2:30 Auer e Samschdegmoien sinn dann op der N16 tëscht Munneref an Éileng-Gare zwee Autoe frontal aneneegerannt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. Nieft den Ambulanciere vu Réimech a Beetebuerg an de Pompjeeë vu Munneref a Fréiseng war hei o de Samu vun Esch am Asaz.
This is a summary. Read the full article at the original source.
Read full article at rtl_lu
