World·

Ugrëff zu Berlin: Fra, déi um Christopher Street Day ëmkoum, war eng 65 Joer al Mamm aus Polen

Ugrëff zu Berlin: Fra, déi um Christopher Street Day ëmkoum, war eng 65 Joer al Mamm aus Polen
Source:rtl_lu

D'Fra, déi an der presuméiert islamistesch motivéierter Attack um Christopher Street Day zu Berlin ëmkoum, war eng 65 Joer al Fra aus Polen. Dat huet ee Spriecher vun der Berliner Senatskanzlei e Méindeg confirméiert.

D'Fra, déi an der presuméiert islamistesch motivéierter Attack um Christopher Street Day zu Berlin ëmkoum, war eng 65 Joer al Fra aus Polen. Dat huet ee Spriecher vun der Berliner Senatskanzlei e Méindeg confirméiert. Déi polnesch Staatsbiergerin war deemno zesumme mat hirer Duechter zu Berlin. Ee Spriecher vum polneschen Ausseministère zu Warschau huet e Méindeg och confirméiert, datt d'Affer eng polnesch Staatsbiergerin gewiescht wier. Weider Detailer huet hien allerdéngs net genannt. Och däitsch Ermëttler hu bis ewell keng Detailer zu der Fra oder den 29 Blesséierte genannt. Den Ugrëff war e Samschdeg den Owend net wäit vum Schlussevent vum Christopher Street Day beim Brandenburger Tor an der däitscher Haaptstad. Ee méiglecherweis islamistesch motivéierten 21 Joer ale Mann ass fir d'éischt mat engem Auto beim Tiergarten an eng Grupp vu Leit gefuer, ier hie mat engem Messer weider Leit um Pride-Event attackéiert huet. De Verdächtegen, deen no der Dot konnt flüchten, gouf e Sonndeg den Owend vu Spezialunitéiten an engem Schrebergarten-Gebitt zu Berlin erschoss. De Beamten no war hie virdru mat engem Messer op d'Polizisten duergelaf. Fra, déi um Christopher Street Day ëmkoum, war eng 65 Joer al Mamm aus PolenPresuméierten Täter bei Policeasaz ëm d'Liewe komm"Immens grousse Schock, deen duerch déi Berliner Communautéit gaangen ass"

This is a summary. Read the full article at the original source.

Read full article at rtl_lu